Blo Beem



Fir Geschicht vun de "Bloe Beem" klickt op den Audio-Button


En hallwen Hektar Bësch, esou vill brauch 1 Mënsch an engem Joer vir säin   CO2 Ausstouss  ze neutraliséieren.

Vir iech ze weisen ewéi  grouss esou eng Fläsch, hunn mer all di Beem wou där ronderëm iech gesitt, blo ugestach.

Stellt iech vir där wäert an engem Danzsall esou grouss ewéi  en Palast, den Dach dovun mat schéinen Blieder, d’Sonn  schéint doduerch an d’Villercher héiert een päifen.

Bei schéiner Musek, kéint där 3000 Pirouetten dréinen, an dat ronderëm de Sall.

Awer opgepasst, där sidd net eleng op der Danzpist, mä mat wieder  300 aneren Partneren déi iech am Danz begleeden.

D’Loft déi mer anootmen, versuergt eis Long   mat Sauerstoff. Dësen Sauerstoff  brauch eisen Kierper vir d’Verbrennung vun den Kuelenhydrater. Vir d’Vitalfunktoun vum danzen ze erhalen brauch eisen Kierper di Energie déi dobäi entsteet.

Den Verbrennungsprozess an eisem Kierper hannerléisst Spueren, an dat an Form vun Kuelendioxid,deen mer ausootmen.

Mat Hëllef vun Chlorophyll, Waasser an Sonnenenergie verwandelen d’Beem eisen Kuelendioxid, an Kuelenhydrater em, deen si hirersäits och brauchen vir ze wuessen.

Deen Prozess nennt een eng Photosynthese, als Nieweprodukt entsteet Sauerstoff, deen mer eiserseitz erëm brauchen vir ze ootmen.

Den Rhythmus vun der Natur kann een vergläichen mat engem harmoneschen Danz.

Awer mer danzen vill  ze schnell, an ginn däitlech méi Co2 an d’Atmosphär of, ewéi d’Planzen ronderëm eis, ophuelen kennen. Eisen alldeeglechen Stroumverbrauch, esou wéi Autofueren, exotesch Iesswueren oder de  Kaf  vun eisen Kleeder déi  an aneren Länner hiergestallt ginn,vir e puer Beispiller ze nennen,  droen dozou bei dass all Mënsch pro Joer vir d‘ Fräisetzen  vun  6 Tonnen CO2 verantwortlech ass.

3000 Tonnen Co2 bënnt eisen ganzen Schëfflenger Bësch  pro Joer, wat ongeféier 500 Schëfflenger Leit ausmëscht.

Beem mat Blieder leeschten méi ewéi d‘ Dennenbém, d‘Laafbéem verléieren all Joer hir Blieder an deen doran enthalen Kuelestoff gëtt  am Buedem gespäichert .

Och wann eisen Bësch zu Schëffleng vill dozou beidreit, kann hien leider net den ganze Co2 Ausstouss vun eiser  Gemeng opfänken.

Energie spueren, an den Ausbau vun erneierbaren Energien ass weiderhin en wichtegt Ziel.